Chalets PETRY Spa

Appeler Itinéraire Site Web

Chalets PETRY Spa CHALETS
SPA & RELAX

22/10/2026

Ihr Frischespezialist für Echternach und Umgebung!

Bei uns finden Sie eine riesige Auswahl
an Lebensmitteln & Drogerieartikeln zum fairen Preis.

🍂Alles ë bësse méi lues ugoe loossen, sech moies nach eemol am Bett ëmdréinen an sech an d'Decke kuschelen oder no der S...
22/10/2026

🍂Alles ë bësse méi lues ugoe loossen, sech moies nach eemol am Bett ëmdréinen an sech an d'Decke kuschelen oder no der Sauna am waarme Buedmantel dobaussen op der Terrasse relaxen, dat deet och emol gutt.

Ëmgi vu Rou a Natur bitt all Chalet säin eegene Charme an deem e wonnerbar erofkomme kann.

Ob zesumme mat der Famill, Frënn oder a romantescher Zweesamkeet, loosst den Alldagsstress bäi Säit a gënnt Iech eppes Guddes. Dir hutt et Iech verdéngt.🍂

Senn begeeschtert daat no dem tropheschem Summer eis Aussenanlaag sech rem gudd erkritt huet 🪴🪴☀️
17/10/2026

Senn begeeschtert daat no dem tropheschem Summer eis Aussenanlaag sech rem gudd erkritt huet 🪴🪴☀️

🥖🥐Moies lackelt de Geroch vu waarme Bréidercher Iech aus dem Bett an d'Früstück, dat Dir den Dag virdru bestallt hutt a ...
23/09/2026

🥖🥐Moies lackelt de Geroch vu waarme Bréidercher Iech aus dem Bett an d'Früstück, dat Dir den Dag virdru bestallt hutt a moies frësch virbereet gëtt, waart schonn drop vun Iech genoss ze ginn.🥐🥖

🍃Virum Mëtte kritt Dir dann de Service vum Chalet gemaach. Frësch Dicher gi bereet gestallt, d'Poubelle matgeholl a bei Bedarf zB de Kaffie, a nach villes méi, erëm opgefëllt.🍃

🫕🥗🍷Owes liwwere mir Iech och gär en Owesiesse bis an de Chalet, wéi wier et zum Beispill mat enger gudder Fondue? Dobäi Zalot an e leckeren Dessert? Am Wäifrigo fannt Dir dann och de passende Wäin dozou.🍷🥗🫕

🌼Eist Team gëtt all Dag säi Bescht fir Ären Openthalt sou gemitterlech ewéi méiglech ze machen.🌼

🍂Den Hierscht kënnt méi no, Zäit fir ze entschleunegen an ze relaxen.Entspaant, schafft ganz besonnesch Momenter fir Iec...
16/09/2026

🍂Den Hierscht kënnt méi no, Zäit fir ze entschleunegen an ze relaxen.

Entspaant, schafft ganz besonnesch Momenter fir Iech an otemt eemol déif duerch.
Munchmol braucht dat e bëssen Zäit, a grad no engem waarme, geschäftege Summer, deet et gutt sech zréckzezéien an erëm opzetanken.

En Dag méi laang relaxe kënnt Dir bei eise Forfaiten 3=4 a 4=5, bei deenen Dir déi lescht Nuecht vun eis geschenkt kritt! En Dag méi fir Äert Wuelbefannen🍂

Entdeckt eis Offeren hei:
https://www.chaletspetryspa.lu/de/preise

De Chalet ALZETTE ass fräi ginn de Weekend vum 27.11.-29.11.2026 a wann é wéilt , kann é suguer verlängeren bis den 04.1...
11/09/2026

De Chalet ALZETTE ass fräi ginn de Weekend vum 27.11.-29.11.2026 a wann é wéilt , kann é suguer verlängeren bis den 04.12.2026.

Am Fall wou Dir Interessi hät, kann Dir gären buchen iwert eise Site https://www.chaletspetryspa.lu/de/reservierung

Deen éischten ass vir > 🏃‍♀🏃🍀🍄🍂🌳
Avis aux amateurs.

Dir wëllt Iech e klenge Luxus méi gënnen an Iech eemol richteg gutt duerchkniede loossen?Wéi gutt, dass et just e puer S...
01/09/2026

Dir wëllt Iech e klenge Luxus méi gënnen an Iech eemol richteg gutt duerchkniede loossen?

Wéi gutt, dass et just e puer Schrëtt zou eiser Massagehütt sinn.

🪷🌸🌼 Einfach de Fouss aus dem Wellnessberäich eraus setzen a soubal Dir d'Massagehütt betriet stréimt Iech de waarme Geroch vun äthereschen Ueleger entgéint. 🌼🌸🪷

Loosst Iech verwinnen an entdeckt eis Auswiel u Massagen hei:

https://www.chaletspetryspa.lu/de/aktivitaten/wellness

🍃 Dierf et bësse méi Entspanung sinn?Dann profitéiert vun eise Forfaiten 3=4 oder 4=5.Een Dag dierft dir gratis saunéier...
13/08/2026

🍃 Dierf et bësse méi Entspanung sinn?

Dann profitéiert vun eise Forfaiten 3=4 oder 4=5.
Een Dag dierft dir gratis saunéieren, am Whirlpool spruddelen an einfach nëmmen ausspanen, e Grond méi, sech gutt ze fillen an sech eppes Guddes ze gënnen.

Entdeckt hei eis Forfaiten an Offeren: https://www.chaletspetryspa.lu/de/preise 🍃

🍷Entdeckt eis Auswiel u verschiddene Wäiner, déi mir speziell fir Iech zesummegestallt hunn.Eng passend Fläsch, wueltemp...
04/08/2026

🍷Entdeckt eis Auswiel u verschiddene Wäiner, déi mir speziell fir Iech zesummegestallt hunn.
Eng passend Fläsch, wueltemperéiert aus dem Wäifrigo, mëttes beim Iessen oder dobausse op der Terasse beim relaxen Ausklénge vum Dag.
Vläit och fir e besonneschen Ulass?
Einfach zesummen Ustoussen an eng flott Zäit hunn 🥂

😎🌞Summer, Sonn a Wellness.Loosst et Iech an dëser Summervakanz besonnesch gutt goen an tankt esou richteg op.Ëmgi vun de...
23/07/2026

😎🌞Summer, Sonn a Wellness.
Loosst et Iech an dëser Summervakanz besonnesch gutt goen an tankt esou richteg op.
Ëmgi vun de rouege Felder an dem Bësch genéisst Dir e puer Deeg Wellness an tankt erëm Energie op.
Sech eppes Guddes doen a genéissen, sou schéi kann de Summer sinn 🌞😎

Adresse

9 An Der Gaessel
Bettel
9452

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Chalets PETRY Spa publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager