13/09/2026
❤️ E grousse Merci un all eis Studenten! ❤️
D'nächst Woch fänken d'Schoulen zu Lëtzebuerg nees un.
Dat heescht, datt mir vun elo un net méi vun eisen Aarbechtsstudenten ënnerstëtzt ginn.
Mir wëllen all Studenten fir hiren Asaz an der leschter Saison Merci soen. Ouni si wieren eis Shop, Bistro an d'Kichen net esou gutt gelaf.
Mir haten och dëst Joer nees e ganz variéiert Team. Et waren e puer richteg Talenter dobäi: gebuere Käch, Meedercher déi perfekt Serveuse oder Gaaschtfra kënne ginn, anerer waren einfach eng super Hëllef. Jidderee vun iech huet op seng eegen Aart a Weis zum Erfolleg vun der Saison 2026 bäigedroen.
Lulya, Jana, Dana, Pier, Max, Yassin, Hassan, Timo, Keanu, Hanna, Léini, Jil, Morgane, Ekaterina, Lara, Fynn, Noa an Theo:
Alleguer ganz villmools Merci fir ären Asaz! ❤️
Mir wënschen iech vill Succès an der Schoul an an der Uni, egal wou iech Äre Wee hiféiert!
Bistro Camping Kautenbach